Reservatioun
Zëmmer
Wann dir iwwert eis en Zëmmer reservéiert hutt, da braucht dir just an der Rezeptioun äre Numm ze soen. Si wësse Bescheed. Bezuele kënnt dir dann normal beim auschecken. Denkt drun hinne Bescheed ze soen op dir moies nach wëllt Kaffi drénken.
Wéi een Hôtel?
Hôtel B&B Longwy
Hei ass de Link vum Hotel wou dier all d'Informatioune fannt: www.hotel-a-longwy.fr
TRANSPORT
Navette
Mir hunn eng Navette organiséiert vum Hotel op de Site vum Clos de Lorraine (6 Km).
Aller: 15h00- 16h00 (Depart: Parking vum Hotel)
Retour: 01h00 - 05h00
Fir den Aller sinn 2 kleng Sales Lentz Navette virgesinn. Et kéint sinn datt et bësse Stau gëtt am Moment vum "Rush". Wann dir net wëllt laang um Parking waarden, ass et besser wann dir probéiert éischter géint 15h00 schonn d'Navette ze huelen. Mir soen iech Merci fir äert Verständnis.