FAQ

  • Ass d'Zeremonie bannen oder baussen?

    Wann d'Wieder matspillt ass d'Zeremonie dobaussen. Wann et reent hu mir och eng Méiglechkeet et bannen ze maachen.

  • Gëtt et eng Dëschuerdnung?

    Jo.

  • Wou kann ech meng Gléckwënsch ofginn?

    Mir stellen eng Këscht dohi fir de Fall wou dir eng Kaart wéilt drageheien. Et wäert och e Gäschtetelefon an e Gäschtebuch do sinn.

  • Ass et e wäite Wee vun der Zeremonie bis bei den Aperitif?

    Dir braucht net wäit ze trëppelen. Et si 50 Meter dertëscht. Och d'Iessen ass op der nämmlechter Plaz.

  • Bis wéivill Auer dauert et?

    Mir si guer net un eng Auerzäit gebonnen. Mir kënnen also feiere bis mir ëmfalen.

  • Kann ech mam Auto kommen? Ass e Parking do?

    Jo et ass genuch Plaz do fir är Autoen ze parken. Kommt einfach op de Site selwer gefuer, do kritt dir gewise wou dir iech kënnt parken.