Fir déi déi et net wossten...
Eis Geschicht
Ier mir eis fir d'éischt gesinn hunn, hu mir eis geschriwwen. An och wann den Androck direkt immens sympathesch war, huet kee vun eis zwee wierklech mat deem gerechent wat du geschitt ass. Op der Plëss an der Staat, hu mir eis fir d'éischt gesinn an et war direkt e Gefill wéi wann zwee Puzzlestécker sech endlech fonnt hätten. 5 Joer drop wëlle mir dat och lo ganz offiziell maachen a mat iech zesumme feieren. Mir freeën eis immens op dëse feierleche Moment.